Titre : | Dem Dracula säin Torschong : Eng Hexegeschicht fir Kanner |
Auteurs : | Nicole Paulus, Auteur |
Type de document : | texte imprimé |
Editeur : | Echternach, Differdange [Luxemburg] : Phi, 2009 |
ISBN/ISSN/EAN : | 978-2-87962-272-9 |
Format : | 138 pages / Illustré photos noir et blanc et couleurs dans le texte / 20x15 cm |
Langues: | Luxembourgeois |
Langues originales: | Luxembourgeois |
Résumé : |
Komeschen Titel, nee ? Wat mécht den Dracula mat engem Torschong? Blutt opwëschen? Keng Angscht, esou brutal gëtt et net. Den Dracula ass och keen Dracula, mee en Hond, an zwar eng grouss verléiften Dogg. An den Torschong ass och keen Torschong, mee dem Dracula seng riseg Zong, déi esou sabbelech ass wéi en naassen Torschong. Mee dozou spéider.
Dem Dracula säin Torschong ass eng Hexegeschicht fir Kanner – oder sou steet et mol um frech illustréierte Cover – eng Geschicht voller geféierlechen Aventuren, aussergewéinlechen Déieren, couragéiert Fraen, Kanner a Männer aus verschidde Welten. De Roman presentéiert dem Lieser als éischt d’Annihex, en Hexemeedchen, dat déif am Bësch an engem huele Bamstamm wunnt (Hexe si méi kleng wéi mir Mënschen), mat senger Mamm, der Mammihex, a sengem Papp, dem Pappihex, dee leider dacks op Hexereesen ass, wéinst sengen Hexegeschäfter. Et ass nämlech e groussen Hexemeeschter ! E klengen Hommage un den Dicks däerf hei natierlech net feelen. Mir ginn och gewuer, wéi d’Hexen ausgesinn : kleng, mat faarwegen Trëtzen, faarweg Aen, eng grouss, knubbeleg Nues mat enger faarweger Waarzel drop. Si hunn e Biesem fir ze fléien an en Hexenhutt. Ouni dës zwee Accessoirë kënne si net zauberen. Dës konterbont Hexewelt muss onbedingt geheim bleiwen well d’Hexe grouss Feinden hunn : d’Plexen an, nach schlëmmer, d’Quexen! D’Plexen hu véier Patten, e Schwanz, oder e Schniewel. Mee d’Quexe si vill méi schro. Si si méi grouss, hu langweileg Hoer an eng ganz butzeg Nues. Dat Witzegst ass, datt si sech „Mënschen“ nennen ! An d’Plexen nenne si „Déieren“… ! |
En ligne : | http://www.editionsphi.lu |
Exemplaires (1)
Code-barres | Cote | Support | Localisation | Section | Disponibilité | L'etagère |
---|---|---|---|---|---|---|
P ENF 0108 | PAU | Livre | A Rousen | Enfance | Disponible | R 5.3 C |