Résumé :
|
Fir den éischte Schouldag waren d’Stagiären ewell fir halwer aacht bestallt. Mir as ellen de Wapp gaang. Ech kee Maufel of a sin eniichter op mäi gudden ale Velo geklomm. Et war mer, wéi wann ech an en Examen misst goen… Viru ménge Klassen hun ech dichteg Theater gespillt a maachen dat bis haut nach. Iwregens, dat schéinste Kompliment, wat ech a ménger ganzer Karriär krut, war: „Här Professer, Dir wiirt e gudde Clown gin.“ Anerersäits muss ech soen, datt ech och no siwenandrësseg Joer ëmmer nach ufanks September e gelungent Gefill an d’Mokailche kréien.
|