Résumé :
|
Nodeem de Charel Kuddel vun Demonstrante ferm zerschloe gëtt, an d'Kanner dem Félicie en déckt Ouer maache fir en Tattoo an e Piercing ze kréien, decidéiert de Charel d'Famill an den Auto ze paken, a bis erop bei seng Elteren an de Norde vum Ländchen an d'Vakanz ze fueren.
De Charel hëlleft sengem Papp um Bauerenhaff. Beim Gruewe vun engem Lach geschitt dat Onméiglecht: si fanne Pëtrol! Wéi den Attaché Vossintür am Regierungsrot erkläert beim Pëtrolsfeld ënner dem Lieu dit "D'Aaxt vum Béisen" handelt et sech ëm dee gréissten exploitable Gisement dee bis elo op der Welt fonnt ginn ass. An der Tëschenzäit huet de Superjhemp d'Lach mat Kachkéis emol erëm gestoppt an eis Häre vun der Regierung diskutéieren, wéi si sech de Pëtrol am beschten ënner den Nol rappe kënnen. Mä net nëmmen d'Luxusbuerger Regierung ass drun intresséiert. Och op där anerer Säit vum Atlantik kënnt d'Nouvelle un, datt et zu Luxusbuerg Pëtrolsreserve gëtt. Den Dummfeld zéckt net a beschléisst datt Luxusbuerg endlech léiere muss, wat et heescht, sech mat Nachméirika unzeleen. E Grond fir de Krich gëtt et natierlech och: Luxusbuerg huet eng geféierlech Massevernichtungswaff: Kachkéis !
|