Titre : | De fluch vun der 23 |
Auteurs : | Roger Leiner, Auteur |
Type de document : | texte imprimé |
Editeur : | Éditions Revue, 2004 |
ISBN/ISSN/EAN : | 978-2-919999-31-6 |
Format : | 48 pages / Illustré photos noir et blanc et couleurs dans le texte / 30x22cm |
Langues: | Luxembourgeois |
Langues originales: | Luxembourgeois |
Résumé : |
Nom Doud vum Poopst Jean-Polak II. kënne sech d'Kardineel net op e Nofollger eenegen. Do grueft ee vun hinnen eng al Reegel vum Konklav aus, no där den neie Poopst a sou engem Fall bestëmmt ka ginn, andeems den eelste walberechtegte Kardinol, de Kardinol Opdekapp, en Dartféil op e Globus schéisst. Getraff gëtt Luxusbuerg...
Iwwerdeems gondele op der Näischtcroisière de Charel Kuddel mat Famill an den Inspekter Schrobiltgen op der MS Katzür duerch d'Mëttelmier. D'Vakanz ass grad sou schéin, do gëtt den Tenor Luciano Pafendalli mat engem Messer ermuert. Nieft der Läich läit en Ziedel mat engem roude "W" drop. De Charel ass séier an de Superjhemp verwandelt an zesumme mam Schrobiltgen gesi se just nach en Onbekannte mat roudem Ëmhang an eisener Händsch entwutschen. De Schrobiltgen léisst zwar aus engem Ufanksverdacht eraus de Messerwerfer Camillo Geetetlass aspären, mä op där nächster Escale vun der Croisière zu Roum hu mer erëm deen ominéisen Onbekannten, deen déi Kéier den Edmond Zwerg, Paschtouer vun Diddl-éng, ermuerde wëll (dee béckt sech awer am leschte Moment, well säi Stréckel lass ass). Op engem Bam ass erëm dee roude "W". De Paschtouer, dee sech a sou Saachen auskennt, kläert eise Superheld op, datt d'Wiechter vun der 23, e Geheimbond, dee géint d'Kierch kämpft, de "W" als säin Zeechen erausgesicht huet, well dat den 23. Buschtaf am Alphabet ass. D'23 ass souzesoen eng mystesch Zuel. Erëm doheem zu Luxusbuerg gi mer da gewuer, datt et keen anere wéi den Edmond Zwerg ass, deen zum neie Poopst gewielt gouf. An dat éischt Attentat huet u sech och him gegollt, well hie mam Pafendalli kuerz virum Muerd nach d'Kabinne getosch hat. Den Nurbi an den Norbi vum Wattikanesche Geheimdéngscht sollen den Edmond Zwerg elo sécher op Roum zréckbréngen. D'Wiechter vun der 23 versichen awer ënnerwee, den neie Poopst ze "poopstnäppen", anscheinend awer fir en ze protegéieren. An de groussen Onbekannten, dee sech vu sengem Chef Iotum nenne léisst, ass och nach ëmmer hanner dem Edmond Zwerg hier. |
Exemplaires (1)
Code-barres | Cote | Support | Localisation | Section | Disponibilité | L'etagère |
---|---|---|---|---|---|---|
NEW-010641 | BA* LEI | Livre | A Rousen | Luxembourgensia | Disponible | R 4.2 C |