Titre : | Déck Mënz fir de Prënz |
Auteurs : | Roger Leiner, Auteur ; Lucien Czuga, Auteur |
Type de document : | texte imprimé |
Editeur : | Luxembourg [Luxembourg] : Revue s.a., 2006 |
Collection : | De Superjhemp |
ISBN/ISSN/EAN : | 978-2-919999-37-8 |
Format : | 48 pages / Illustré photos noir et blanc et couleurs dans le texte / 30x22cm |
Langues: | Luxembourgeois |
Langues originales: | Luxembourgeois |
Résumé : |
D'Handlung fänkt am Bambibësch zu Luxusbuerg un. De K. Loor-Rosen ass mam A. Krécher op der Juegd an huet de bloen Hirsch getraff. An der Tëschenzäit schéisst de Krécher op alles wat flitt. Esou kennt et, dat hien och de Superjhemp ënner beschoss hellt. Deen erwächt am Spidol um Krichbierg a fënnt eraus, dat hie juste puer Schréipsen a Bëlzen huet.
Wärenddeem kritt dem Klengherzog Luc seng Frëndin Chin-Chin an der Maternité niewendrun hiert 1. Kand. Och de Souverain selwer ass bei der Gebuert dobäi. D'Kand soll Jhempi heeschen. A fir dat wichtegt Evenement ze feiere ginn eng Rei Kanouneschëss ofgeschoss. Den Dag drop gëtt de Superjhemp aus dem Spidol entlooss. Zur nämmlechter Zäit, mee op enger anerer Plaz, erziele Ministeren am Regierungsrot iwwert hir Reesen, wärend si op hire Chef waarden. Virun der Dier héieren d'Huissieren e puermol en haarde “POP”. Si ginn dem Geräisch no a gesinn, datt Ministeren sech a Mini-Bëbeeë verwandelt hunn. E bësse méi spéit leie Bëbee-Ministeren am Spidol. De Prënz bemierkt iwwerdeems, datt säi klenge Jhempi geklaut gouf. Um Policebüro iwwerleeën de Superjhemp, de Kommissär Harespel an de Schrobiltgen, wéi se de ganze Misär erëm an d'Rei bréngen. Wärenddeem mellen sech d'Entféierer mat engem Drobréif a froen e Léisegeld vu 74.312.028 Öro. De Superjhemp an de Schrobiltgen maache sech op d'Sich no dem ominéise Courrier, deen den Drobréif geliwwert huet. Sie erwëschen de Facteur, deen se schonn aus engem Album virdru kennen, deemools war de Facteur onschëlleg. No enger kuerzer Befroung, mierke si, datt hien och d¨s Kéier näischt mam Fall ze dinn huet. |
Exemplaires (1)
Code-barres | Cote | Support | Localisation | Section | Disponibilité | L'etagère |
---|---|---|---|---|---|---|
P BD 0050 | LEI | Livre | A Rousen | Luxembourgensia | Disponible | R 4.2 C |